Hallo Weeeerneeer,
dat isses. helft de Leukämiekenner.
D’AKTIOUN TÉLÉVIE
"Den Télévie huet séch als Ziel gesat fir d’Recherche géint de Kriibs a speziell d’Leukémie bei de Kanner virun ze bréngen. D’Haerz vum Télévie as d’Symbol vun Ärer Generositéit an Ärer Solidaritéit mat de Fuerscher an den Dokteren, Männer a Fraen, déi Dag fir Dag géint de Kriibs kämpfen, fir kranke Mënschen eng Zukunft ze ginn.
De Kriibs a speziell d’Leukémie si Krankheete vun deene vill ze vill Kanner an Erwuessener getraff sinn. Och wann d’Fuerschung an de leschte Joer vill Fortschrëtter gemaach huet, stierwen nach ëmmer d’Halschent vun de Patienten um Kriibs.
All Dag verléieren vill ze vill Famillen eng Persoun duerch de Kriibs, well d’Mécanismen vun där Krankheet nach net genuch bekannt sinn. Fir de Kriibs ze bekämpfen, muss d’Fuerschung aktiv vu jidderengem ënnerstëtzt ginn. Dofir ass den Télévie 1989 an der Belsch lancéiert ginn. Dausende Leit hunn séch dat lescht Joer och hei am Land fir den Télévie engagéiert. Hinnen all ass ze verdanken dass d’Kriibsfuerschung och elo zu Lëtzebuerg mat grousse Schrëtt virukënnt. Mat de Sue vum Télévie konnt den Dr Marc Diederich säi Laboratoire ausbauen, zwee weider Fuerscher engagéieren a säi spezifësche lëtzebuerger Fuerschungsprogramm duerchzéihen."
Am Kader vum Télévie 2003 wäert den BMW Moto Club Lëtzebuerg um Stäerelaaf den 22. Mäerz 2003 deelhuelen.
"De Stärelaf, eng vun de grousse Manifestatioune vum Télévie bréngt Leefer, Motorrieder, Oldtimer, Prestige-Autoen, Velofuerer, Inline-Skater, Päerd an Trakteren beineen. All zesummen lafen, fueren oder reiden se duerch dat ganzt Land fir de Message vum Télévie bei d'Leit ze bréngen a Suen ze sammelen. Arrivée ass dëst Joer zu Nidderaanwen.
Dir sidd alleguerten häerzlech inviteiert. Treffpunkt ass den 22. Mäerz 2003 em 9:30 moies beim Centre Civique zu Hesperange, vunn wou aus mir zesummen ob den Glacis fueren.
Wei leeft et oof?
Vum Glacis aus start een Moto-tour duurch d'Land - et ginn ca 300km gefuer, also volltanken ass ugesoot. D'Frais de Participation belaafen sech ob 5€ oder freiwelleg mei (een Don).
Ageplangten Zwëschenstopps sinn:
Foetz beim Cora em 11:15
Miersch beim Topaz em 12:45
Diekirch em 14:15
Munsbach em 17:30
vunn do aus geet et dann ob Nideranven em 18:00
Fir iessen an drënken ennerwee ass gesuergt. Owes get et eng Party matt Orchester fir d'Participants.
Mellt ierch w.e.g. ennert folgendem Link unn, et geet dobei dremm, fir ongefeier ze wëssen, weivill Motoen mattfueren - aus reng organisatoreschen Grënn.
http://rtl.lu/rtl/rtlactions/televie/st ... ?view=moto
Organiseiert get den Mototour vunn:
Moto Travel Luxembourg
Moto Union Luxembourg
BMW Moto Club Lëtzebuerg
Vill Spaß an eng spendabel Oder wënscht ierch den Comité
[red][verdana]DZU[/verdana][/red]
--
Tum amicos cognoscimus, cum periculum imminet
Drogo Moss of Lake-by-Downs (Unicum)
Dirk